
Dat huet eng europawäit Etüd vun der Bank ING erginn. De Gros vun de Leit, déi gefrot goufen, hunn uginn, ewell manner Suen auszeginn, méi ze spueren a méi dacks mat der Kaart ze bezuelen.
Méi wéi d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Grand-Duché gefrot goufen, hu gesot, si géifen elo manner Suen ausginn. 41 Prozent géife méi spueren.
Grond dofir wier engersäits, dass een einfach manner Geleeënheet gehat hätt, fir Suen auszeginn, anerersäits awer och, dass manner Revenu do war, respektiv gefaart gouf, dass dee géif ganz ewechfalen.
