HRS, CHL, CHEM an CHdNGrënnung vun Asbl, fir nationale Stock u Material ze geréieren

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun hirem LSAP-Parteikolleeg Mars di Bartolomeo.
Liwwerung vu Masken.
Liwwerung vu Masken.
© RTL (Archiv)

D'Hopitaux Robert Schuman, de CHL, de CHEM an de CHdN wäerten eng Asbl an d'Liewe ruffen, fir den nationale Stock u Material zesummen ze geréieren an en Infrastruktur-Konzept fir schwéier Covid-19-Fäll auszeschaffen. Dat schreift d'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun hirem Parteikolleeg Mars di Bartolomeo.

Domat soll de Relais geholl gi vun der Cellule logistique vun der Regierung, déi wärend der Kris geschaf gouf. Si géif d'Schafe vun dëser Asbl begréissen, esou d'Ministesch, déi hir vun de Presidente vun de 4 Centres hospitaliers proposéiert gouf. D'Spideeler wéilten och mat der Uni zesummeschaffen.

PDF: Déi parlamentaresch Fro mat der Äntwert

Back to Top
CIM LOGO