RegierungsrotGréng Luucht fir neien nationale Plang vun der Loftqualitéit

RTL Lëtzebuerg
Bis Mëtt Mäerz waren 20 Avisen zum Plang erakomm, dovunner 9 vu Gemengen, déi gewisen hunn, dass de Plang op breede Support stéisst.

Konkret geet et jo drëms, d'Wäerter u Stéckstoff-Dioxyden ze reduzéieren, wou et nach ëmmer plazeweis Depassementer vun der Uewergrenz gëtt. Detailer fënnt een um Site vum Ëmweltministère.

Dee Plang kann elo vun der zoustänneger Ministesch Carole Dieschbourg op Bréissel iwwermëttelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO