Warn-SMS goung erausGréissert Feier zu Munneref e Samschdeg an der Nuecht

Cédric Ferry
Domingos Oliveira
De CGDIS war mat engem gréisseren Effektiv op der Plaz. E Samschdegmoie war de Gros vum Feier geläscht.

Géint 1:51 Auer e Samschdegmoien huet an der Avenue Frantz Clement zu Munneref den Daach vun engem Gebai Feier gefaangen. Et gouf keng Blesséierter, ma de CGDIS huet mat engem gréisseren Effektiv missen ausrécken, fir de Brand ënner Kontroll ze kréien.

Wéi am Bulletin vun e Samschdegmoien ze liesen ass, waren d'Pompjeeë vu Munneref, Réimech, Duelem, Fréiseng, Schengen an den techneschen Ënnerstëtzungsgrupp op der Plaz, grad ewéi och d'Ambulanciere vu Réimech.

Munneref Pompjeesasaz Nuecht

Iwwert den LU-Alert-System ass dann och eng Warn-SMS vun d'Awunner vu Munneref erausgaangen. Si goufe gebieden, d'Dieren an d'Fënsteren zou ze maachen an d'Stroosse fir d'Asazgefierer fräi ze halen.

© Screenshot LU-Alert
Munneref Pompjeesasaz moies

Géint 7:40 Auer e Samschdegmoien huet et vum CGDIS op Nofro hi geheescht, dass de Gros vum Asaz eriwwer wier. E méi klengen Effektiv géif awer op der Plaz bleiwen, fir déi läscht Brandnäschter ze läschen. Kuerz no 10 Auer war den Asaz dann eriwwer.

Grousst Feier zu Munneref
De Michel Streff, Chef peloton beim CGDIS erkläert, wéie eng Läschaarbechten um Samschdegmoien nach ustoungen.

Back to Top
CIM LOGO