
E gréissert Accident gouf et an der Nuecht vun e Samschdeg kuerz no 23 Auer op der Tréierer Autobunn tëscht dem Tunnel Houwald an dem Irgäertchen.
3 Autoe waren hei anenee gerannt. Ee Won huet gebrannt. Eng Persoun gouf blesséiert, mellt den 112.
Um 18.20 Auer huet dann zu Nidderkuer an der rue Prinzenberg e Bam gebrannt.
Um 17 Auer e Samschdeg den Owend gouf et en Accident op der Saarautobunn tëscht Munneref a Schengen. Hei gouf eng Persoun verwonnt, wéi en Auto op d'Kopp gaangen ass.