Op dësem Site war d'Schwéierindustrie wärend Joren doheem. Den Terrain huet bis virun e puer Joer Joerzéngte laang der ARBED gehéiert. Elo entsteet hei een neie Projet.
Mir sinn zu Diddeleng op der Grenz mat Frankräich. Op dësem Site, genannt "Greisendall", steet eng 20.000 Meter Carré grouss Hal. Gebaut gouf si 1925 vun der ARBED, ee Joer méi spéit ass si a Betrib gaangen. An dësem Gebai war dat kaalt Walzwierk vun der Schmelz. Hei goufe Blecher a verschiddenen Déckten a Längte gewalzt.
1959 ass ënnert dësem Dach déi éischte Galvanisatiounslinn a Betrib geholl ginn. Blecher goufen hei béidsäiteg verzénkt, sou datt si net raschte konnten. Mëttlerweil si vill Joren an d'Land gezunn an zanter 2013 steet des fréier Hal vun ARBED Diddeleng eidel. De Site ass a privater Hand.
Elo ass d'Gebäi am "Greisendall" klasséiert an als nationaalt Monument unerkannt. De Quartier "NeiSchmelz" op de Frichen vun Arbed Diddeleng an de "Greisendall" solle spéider duerch eng Bréck verbonne ginn. Logementer kënne keng gebaut ginn. D'Plaz ass als "Zone d'Activités" am PAG klasseiert.
Dauer vum ganze Projet läit tëscht 5 an 10 Joer.