Alerte bei HéichwaasserGoufen d'Awunner net fréi genuch gewarnt?

Pierre Jans
D'Populatioun hätt missen éischter a méi decidéiert gewarnt ginn, dass de ville Reen uergt Héichwaasser kéint mat sech bréngen, kritiséiert de Gilles Roth.

Chamber: Alerte bei Héichwaasser / Reportage Pierre Jans

D'ADR hat d'Inneministesch Taina Bofferding fir eng Entrevue an der Chamberkommissioun gefrot. Der CSV no hätt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op enger Pressekonferenz donneschdes moies behaapt, si hätt schonn éischter vun der Envergure vun de Schauere gewosst. De Gilles Roth freet sech dofir, firwat d'Regierung net méi staark drop gehalen huet, d'Leit richteg ze warnen.
Et stellt sech eraus, dass d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op enger Pressekonferenz annoncéiert huet, si hätt schonn den Dag virdru Bescheed gewosst. Wann ee scho méi fréi Bescheed weess, da kann een d'Leit och iwwer verschidde Medien, sief dat déi journalistesch oder déi sozial, am Viraus warnen.

De Marc Goergen vun de Pirate fënnt och, dass net genuch mat Nodrock alertéiert gi war. Hie gëtt awer zou, dass keen ëmmer am Viraus scho wësse kann, wat d'Konsequenze sinn. Hien hätt sech awer zum Beispill mëttes virun den Iwwerschwemmungen eng Live-Pressekonferenz vun der Regierung erwaart.

Wann all déi Aläerte kommen, sinn d'Leit haut net méi sou richteg sensibel. Dat muss ee sech agestoen. Dat war de Problem. An hei war net genuch Nodrock. Ech muss awer soen: et gouf gewarnt. Mä et ass méi schlëmm komm, wéi geduecht. Mir souze jo och all an der Chamber zesummen a mir waren eis net bewosst, dass et esou schlëmm géing kommen.
Et gouf richteg kommunizéiert, seet den grénge Majoritéitsdeputéierte Marc Hansen.

Mat deenen enge Gemengen ass dat besser ofgelaf ewéi mat aneren. Dat hei muss elo ausschlaggebend sinn, fir nei Analyse vun de Prozeduren ze maachen.

Der Inneministesch Taina Bofferding no wär et elo nach ze fréi, fir en definitive Bilan ze zéien. Aus dëser Katastroph misst een awer déi néideg Léieren zéien. D'Kommunikatioun tëscht dem Staat an de Gemengen an dem CGDIS kéint awer nach verbessert ginn, seet d'Ministesch, ouni awer Feeler zouzeginn. Ëmmerhi wäre leschte Mëttwoch de Mëtteg schonn Alerten un déi Gemengeresponsabel erausgaangen. D'Noutfall-App GouvAlert hätt net gutt funktionéiert, dofir wär iwwer vill verschidden aner Kanäl kommunizéiert ginn. D'App soll awer iwwerschafft ginn.

D'Populatioun ass de ganzen Dag iwwer informéiert ginn. Virop déi Leit, déi bei de Flëss wunnen. Si sollten d'Autoen a Sécherheet bréngen, respektiv verschidde Plaze guer net méi frequentéieren. Ma vun den Responsabel an de Gemengen an och den Awunner krut ech awer mat, dass keen et esou ganz gleewe wollt, well d'Leit gewinnt sinn an deene Risiko-Gebidder ze wunnen. Keen hat geduecht, dass et esou héich géif kommen. Dat war net ganz kloer ginn.

Den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder confirméiert, dass mëttwochs am fréien Nomëtteg, puer Stonnen also virun den uergen Iwwerschwemmungen, SMSe mat Warnungen un déi verschidde regional a lokal Pompjeescorpsen erausgaange waren. Och déi Responsabel aus de Gemenge wären alertéiert ginn.

Hie gëtt awer ze bedenken, dass den Equiliber bei den Alerten net einfach ze fannen ass. D'Leit wären och deels resistent géint Wiederwarnungen. Si wéissten net ëmmer, wat eng Alerte orange iwwerhaapt bedeit. Do misst een an Zukunft nees proaktiv en neit Bewosstsinn bei der Populatioun schafen, esou de Paul Schroeder nach.

Back to Top
CIM LOGO