
„D'Force publique huet hir Force gewisen!“: Dat sot e President vum Stater Geriicht e Mëttwoch de Moien zur spektakulärer Drogerazzia am Oktober zejoert, no bei der Escher Gare. De Prozess dozou huet e Méindeg ugefaangen. An där Drogenaffär ëm e Café sollte sech am Prinzip 15 Ugeklote veräntweren, dorënner d'Patronne vum Bistro. Et sinn awer just 9 Beschëllegt dofir ugetrueden!
Virun där Razzia hat d'Police déi direkt Noperschaft vum Café e puer Woche laang observéiert. Der Patronne gëtt virgehäit, de Café fir den Handel mat Drogen zur Verfügung gestallt ze hunn, Eric Ewald:
De Café war awer net d'Dréischeif vum Drogenhandel, huet hiren Affekot Moie gemengt. De Me Daniel Noël huet betount, dass baussent dem Café gedealt gou. Seng Cliente hätt dofir och net genee Bescheed gewosst, wat lafe géif. Virun deem Hannergrond huet den Affekot hire Fräisproch gefrot. Déi selwecht Fuerderung koum vum Me Knaff fir ee vu sengen zwee Mandanten. Deen anere sollt iwwerdeems eng Prisongsstrof mat Sursis kréien, wat de Me Fränk Wies och fir säi Client verlaangt huet.
Um Ufank vun der Sëtzung hat dee Mandant vum Me Knaff ausgesot, fir deen de Fräisproch gefuerdert gouf. Hien hätt näischt gemaach a géif just do am Eck wunnen. An der Strooss, am Café, op der Terrass do oder eben um Eck géif een Dealere fannen.
„Wann ech akafen, da maachen ech dat diskret!“, huet de jonke Mann erkläert, deen ni wëll Droge verkaf hunn. Wéi de Riichter dunn op zwou Verurteelungen aus der Belsch higewisen huet, huet de Me Knaff protestéiert: „Dat ass déi 1. Kéier, dass ech dovun héieren!“ Wouropshin de President vum Geriicht geäntwert huet: „Dat ass awer en offizielle Casier! Ech mengen, et kann een deem awer méi trauen, wéi den Aussoe vun engem Ugekloten!“
Dono koum et nach zur Depositioun vun engem vun deenen zwee Beschëllegten, déi wéinst dëser Affär am Prisong sinn. Hie wär net hie selwer gewiescht, wéi hien Droge verkaf huet, sot dee Mann. Hien hätt déi Zäit vill Problemer gehat. Hien hätt awer net am Café verkaf a géif d'Geriicht ëm eng Chance bieden, sou den Ugekloten!
Dëse Prozess, fir deen 8 Sëtzunge virgesi waren, kéint iwwregens en Donneschdeg schonn op en Enn kommen!