
D’CSV wollt gär wëssen, wat am Text drasteet an huet no laangem Froen elo Äntwerte vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider kritt. Konkret geet et ëm de "Memorandum of Understanding", deen tëscht der Regierung, Google an der Gemeng Biissen ënnerschriwwe gouf. Dat heescht, een Text, wou eng Intentioun drasteet, ouni awer datt et ee fixen Kontrakt ass.
Do war et d’Ausso, datt an deem festgeschriwwe steet, datt am Fall, wou et Google net séier genuch virugeet, den amerikaneschen Internetris sech kann zeréckzéien a froen, datt de Staat den Terrain nees zeréckkeeft. Dat zum initiale Präis, well et soll nämlech kee Benefice gemaach ginn. Idem ass et, wann de Staat seet, datt et him net séier genuch virugeet. De Lëtzebuerger Staat ka Google och déi rout Kaart weisen.
Etienne Schneider: "Et gëtt eng Optioun, wou de Staat ka soen, wa mir der Meenung sinn, datt Google net viru mécht, an dass se hir Prozeduren net anhalen oder net séier genuch maachen, zu Google soen, esou - et geet eis elo duer, dir hutt elo laang genuch gespillt, mir hätte gären Terrainen erëm, fir de selwechte Präis."
Och wann den Datenzenter net op Biissen kéim, da soll op den Terrain eng Zone d’activité hikommen, esou den Etienne Schneider, deen dëst schonn an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro am November zejoert geäntwert huet.
Wéi vill Energie a Waasser gëtt herno vum Datazenter gebraucht? Eng Fro, déi sech och d'Gemengeresponsabel stellen, ier si de PAP ofseenen. Wat de Waasserverbrauch ugeet, hätt een eng Alternativ, esou de Minister Schneider, deen e Mëttwoch mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg geschwat hätt. Bis elo wier ëmmer vun der Uelzecht geschwat ginn. Ma et gëtt eng aner Optioun.
Amplaz d’Waasser aus der Uelzecht ze huelen, fir den Datenzenter ze killen, wéilt een éischter op d'Klärwaasser aus der Anlag vu Miersch zeréckgräifen. Dat kéint bis zu 90 Prozent vum Bedarf ofdecken. Do géif een dann och de Prinzip vun der Economie circulaire respektéieren. Fir Noutfäll misst awer och eng Leitung vun der Sebes geluecht ginn.
Domadder kéint een 90 Prozent vum Verbrauch decken. Donieft géif een de Moment kucken, wéi d'Hëtzt, déi duerch den Datazenter produzéiert gëtt, genotzt kéint ginn. Zum Beispill fir Urban Farming.
Mir kënnen d'Regierung net kontrolléieren, wa si eis drun hënnert, den Text vum sougenannte "Memorandum of Understanding" unzekucken. Dat war d'Kritik vun der CSV-Oppositiounspartei en Donneschdeg de Moien no der Chamberkommissioun. Zwar hat de Wirtschaftsminister mëndlech den Deputéierten erkläert, wéi am Dossier Google d'Prozedur mat den Terraine gereegelt ass, mä de Laurent Mosar erwaart do awer e bësse méi.
Laurent Mosar:"Dat sinn natierlech alles Punkten, déi mir am Detail wëlle gesinn. De Moien huet eis dat den Här Schneider erkläert, mä mir wäerte weider dorop insistéieren, datt mir deen Accord virgeluecht kréien. Normalerweis gleewe mir der Regierung gär alles, mä Kontroll ass besser. Hei ass Kontroll och gutt, dofir wäerte mir weider dorop pochen, datt mir de 'Memorandum of Understanding' virgeluecht kréien."
A net nëmmen am Dossier Google hätt d'CSV gären den Text, mä och an anere Beräicher, wéi zum Beispill am Beräich vun de Weltraumaktivitéiten. En Donneschdeg de Moien hätt ee mol eng Lëscht mat e puer MoUs kritt. D'CSV géif sech déi elo mol ukucken.
Gemeng Biissen: 170 Reklamatioune géint den Deelbebauungsplang PAP fir de Google-Projet