Dëst Mesure gëllt och fir Privatleit an aner privat an ëffentlech Entreprisen.
Et war schonn am Regierungsprogramm vun der blo-rout-grénger Koalitioun 2.0 ugekënnegt ginn a gëtt also elo Realitéit. 2020 wär eng Iwwergangsphas, huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider en Donneschdeg de Moie präziséiert, an där awer 60 Prozent vun de Bauere sech engagéiert hunn, fir elo scho komplett op dëse Pestizid ze verzichten. Am Géigenzuch kréie si eng Primm vun 30 Euro den Hektar. Donieft wär de Wäibau op der Musel och elo scho vun der Saison 2020 u komplett Glyphosat-fräi, dat op ronn 1000 Hektar. D'Wënzer kréien dofir eng Primme vu 50 Euro den Hektar. Wann am Wäibau komplett op Herbizide verzicht gëtt, kënnen d'Wënzer souguer 500 bis 550 Euro pro Hektar kréien.
An der Moyenne goufen an de leschte Joren hei am Land iwwregens 13,6 Tonne Glyphosat pro Joer benotzt. Lëtzebuerg gëtt mat dëser Mesure och dat éischt Land an der EU, dat komplett op dëse Pestizid versicht.
Domat wär een net just Virreider, ma et géing ee sech och national gutt opstellen, fir an Zukunft am Kader vum Klimaplang an dem BIO-Aktiounsplang konkret géint de Klimawandel an de Verloscht vun der Biodiversitéit ze kämpfen, sou nach den Romain Schneider.