DPGilles Baum neie Fraktiounspresident

RTL Lëtzebuerg
D'DP-Fraktioun huet um Dënschdeg de Moien de Gilles Baum eestëmmeg als hiren neie President gewielt.
© DP

An der Chamber gëtt nom Doud vum DP-Fraktiounschef Eugène Berger de Pim Knaff, Affekot an Escher Schäffen am Nomëtteg assermentéiert.

De Moien koum och d'liberal Fraktioun beieneen, fir en neie Fraktiounspresident ze bestëmmen.

Dat ass vun lo un, ouni Iwwerraschung, de Gilles Baum.

Dee Vott war um Dënschdeg de Moien unanime an der DP-Fraktioun mat hiren 12 Deputéierten.

De 47 Joer ale Schäffe vu Lënster hat ewell den Interim als DP-Fraktiounschef gemaach a sollt souwisou den 1. Januar 2021 d'Spëtzt vun der DP-Fraktioun iwwerhuelen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO