E Mëttwoch de Moien ass den neien Aarbechtsminister Marc Spautz fir déi éischt zwou “richteg” Bipartitte mat de Gewerkschaften an dem Patronat beieneekomm. Sujet war déi sougenannt Plattformaarbecht, fir déi et zu Lëtzebuerg trotz EU-Direktiv nach un engem klore legislative Kader feelt. Konkret Resultater gouf et keng. Dat Eenzegt, wat awer erauskomm ass, ass de Constat, datt Gewerkschaften a Patronat an enger Partie Punkten nach ëmmer ee Krack ausernee leien.
Dat fänkt scho bei der Bewäertung vun der Reunioun un. Esouwuel d’Gewerkschafte wéi d’Patrone sollten hir Vue op de Sujet duerleeën an de Marc Spautz a seng Leit vum Ministère hunn nogelauschtert. An engem nächste Schrëtt soll deenen zwou Säiten eng Synthees vun deenen zwee Treffe presentéiert ginn. Fir den LCGB-President Patrick Dury ass dat eng ganz aner a vill méi produktiv Virgoensweis wéi ënnert dem Georges Mischo.
Ma dono gefrot, ob hien dat änlech gesäit, ass et dës Äntwert vum UEL-President Michel Reckinger. “Nee. Ech mengen de Georges Mischo huet genee dat selwecht gemaach wéi lo de Marc Spautz, nogelauschtert, d’Diskussiounen iwwert dat, wat mer gesot hunn, nogefrot, Verständnisfroe gestallt. Dat ass genee d’selwecht wéi virdrun.”
Wat d’Plattformaarbecht ugeet, hunn d’Gewerkschafte kloer Fuerderungen, déi och net nei sinn. Der OGBL-Presidentin Nora Back no bräicht een objektiv Krittären, fir ze definéieren, ob ee Mataarbechter als Salarié bezeechent ka ginn oder net. De Michel Reckinger wëllt iwwerdeems emol fir d’éischt wëssen, wat iwwerhaapt eng Plattform ass. “Dat ass net kloer beschriwwen an do kann ee sech jo alles virstellen. Ass ee Computer, iwwert deen ee sech aloggt, ass dat schonn eng Plattform oder wat ass de Krittär fir eng Plattform. An ech mengen, do musse se zu Bréissel nach dru schaffen, fir datt déi aner Länner, well ech mengen, déi Froen, déi mir eis stellen, déi stellen déi aner Länner sech och, fir datt mer do iwwerhaapt virukommen.”
Dono gefrot, ob se sech nees Reuniounen zu dräi virstelle kéinten, hunn d’Gewerkschafte gemengt, dat wier nach ee wäite Wee, well d’lescht Joer vill Vertraue futti gemaach gi wier. D’Patronat wier eegener Ausso no direkt dozou bereet, et wiere jo souwisou d’Gewerkschafte gewiescht, déi vum Dësch opgestane wieren. Eenzeg Viraussetzung wier, datt sech jidderee manéierlech behëlt. De Marc Spautz wollt d’Reunioun iwwerdeems net kommentéieren. “Kuckt a mäi Gesiicht”, war seng d’Äntwert. Da soe mer mol, en hätt éischter optimistesch dragekuckt.
An déi nächst Bipartitte si fir de 24. Februar geplangt.