
Op ronn 21.000 Metercarré, verdeelt iwwer 9 Gebaier op 2 Sitten am Zentrum vu Péiteng, wäerten an den nächste Joren eng ganz Partie nei a längst iwwerfälleg sozial Strukturen entstoen. An der Chamber gouf en Donneschdeg dat entspriechend Finanzéierungsgesetz eestëmmeg ugeholl.
Et si ganz verschidde Strukturen, déi zu Péiteng wäerten entstoen. Dat geet vun enger éischter nationaler Pouponnière, iwwert e psychotherapeutescht an e sozio-familiäert Internat, bis hin zu engem therapeuteschen an administrativen Zentrum an engem Dagesfoyer.
"Bei deene Kanner, déi an dëse Strukturen opgeholl wäerte ginn zu Péiteng, wäert et sech zu engem groussen Deel ëm Jonker handelen, déi dohi placéiert goufe vum Jugendriichter. An do ass et fundamental, dass esouwuel d'Justiz, wéi d'Betreiungsstrukturen zesummeschaffen, dat am Interet superieur vum Kand fir dass och dat séchergestallt ass. Et ass also e ganz nobelt Zil an dësem Projet. Et geet wierklech drëms Kanner, déi net op der Sonnesäit vum Liewe gebuer sinn, ze stäerken an an eis Gesellschaft z'integréieren.", esou den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.
Derbäi kommen nach Wunnenge fir Leit mat Autismus a fir Leit mat engem Handicap, genee wéi e Centre medical, e Familljecafé a gemeinsam Strukture fir Sport a Reeducatioun. Wärend d'Deputéiert sech eens waren, dass dës Infrastrukture gebraucht ginn, hunn der awer och eng Rei betount, dass dës éischtens vill ze spéit kommen an zweetens net wäerten duergoen.
"Beim Internat gëtt et notamment eng Erklärung, well et existéiert bis elo keen Internat am Süde vum Land. Nach e puer Froen: Wou elo mol déi éischt 54 Plazen an e puer Joer disponibel sinn, kënnt do nach eppes no? Well mir sollten hei net all Hoffnungen op een eenzege Site setzen, well och hei sinn d'Plaze schnell gefëllt. Wéi ass et mat Internat psycho-therapeutique? Hei ass d'Waardelëscht 99 Persoune laang, déi den Ament am Ausland sinn. Et kommen op Péiteng, wann ech richteg verstanen hunn, 30 Plaze bäi", esou den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Goergen.