Aarbechtsaccident 2015 zu UewerkäerjengGeschwëster vum Affer kruten all Kéiers 5.000€ Schuedenersatz

RTL Lëtzebuerg
Deemools war e Mann op engem Schantjen duerch den Daach gefall, eng 7 bis 8m an d'Déift an ass puer Méint drop u senge Blessure gestuerwen.
© RTL Archiv

Am Prozess ëm en Aarbechtsaccident mat déidleche Suitten am Abrëll 2015 zu Uewerkäerjeng, gouf am Nomëtten um Stater Geriicht eng Geldstrof vu 1.500 € fir d'Baufirma gesprach, fir déi d'Affer geschafft hat.

Deemools war de Mann op engem Schantjen duerch den Daach gefall, eng 7 bis 8 Meter an d'Déift. Hie war sou uerg verwonnt ginn, dass hie knapp 7 Méint drop am Alter vu 57 Joer gestuerwe war.

D'Geschwëster vum Affer kruten e Mëttwoch all Kéiers 5.000 € Schuedenersatz um Geriicht zougesprach.

Back to Top
CIM LOGO