De Logementsminister Claude Meisch huet um Bord vun der Home-Expo en Donneschdeg op Nofro hin un där Formule festgehalen. Trotz Drock vun Entwéckler, Investisseuren an esouguer Leit aus senger eegener Partei, der DP, déi der Meenung sinn, datt wann e Bau méi ewéi 600.000 Euro kascht, een op d'mannst bis dee Montant vum Taux vu 6% soll kënne profitéieren.
De Claude Meisch bleift dobäi, datt wann e Bau een Euro iwwer 600.000 kascht, d'Recht op 6% Amortissement acceleré ewechfält. Et géing nämlech drëm goen, nei kleng a bezuelbar Locatiounswunnengen op de Marché ze kréien.
"Wann Developpeure mir selwer soen, datt se net à même sinn do ënner 600.000 Euro Baukäschten ze bleiwen, da froen ech mech ewéi et dann nach kann opgoen", esou de Logementsminister.
Dee steierleche Virdeel, wann een a Locatiounswunnengen investéiert, war ënnert der Blo-Rout-Grénger Regierung zeréckgefuer ginn op elo 4%, bei deen nach den Abattement immobilier spécial vun 1% ka kommen. Dat well an Zäite vun niddregen Zënsen d'Mesure d'Demande nach méi ugeheizt an d'Präisser an d'Luucht gedréckt huet.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hu mir en Donneschdeg iwwerdeems op d'Steier op eidel Wunnengen ugeschwat, déi Esch wëlles huet, anzeféieren. Si sot, d'Stad géing dat ganz interesséiert suivéieren, mee si géing scho feststellen, datt Esch Schwieregkeete bei der Ëmsetzung dovunner hätt.
Am Juli wollt d'Stater Buergermeeschtesch sech bei eis net op eng Tax festleeën. Puer Wochen drop hat den Escher Gemengepapp Christian Weis am selwechte Studio eng Taxe zu Esch ugekënnegt. Op d'Tax op eidel Wunnengen, déi an der kanadescher Stad Vancouver funktionéiert, ugeschwat, sot d'Lydie Polfer en Donneschdeg, si géing déi net kennen.
De François Aulner hat sech en Donneschdeg e bëssen op der Home-Expo ëmgekuckt. Hei seng Impressiounen no dräi Stonnen op der Foire:
Privat an ëffentlech Interessie si sech eens: Et muss méi einfach sinn, fir méi ze bauen.