Appell um FriddensgeriichtGeldstrofe vun Taxischauffer gouf reduzéiert

RTL Lëtzebuerg
Och beim Fuerverbuet vu 4 Méint gëllt elo iwwerdeems de Sursis.
© RTL Archiv

Fir e gudde Bekannte vun der Justiz, en Taxichauffer vun 53 Joer, huet et sech gelount, fir Appell ze maache géint Urteeler vum Friddensgeriicht.

War de Mann do an 1. Instanz wéinst 5 Infraktiounen am Stroosseverkéier, déi bis November 2017 zréckgoungen, nach zu am Ganzen 1.370 € Geldstrof an zu engem Fuerverbuet vu 4 Méint verurteelt ginn, goufen e Freideg am Nomëtten am Appell um Stater Geriicht just nach 800 € Geldstrof gesprach.

Fir d'Fuerverbuet vu 4 Méint gëllt iwwerdeems elo de Sursis.

Back to Top
CIM LOGO