
Hie war am Juni um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vun 3.000 € verurteelt ginn. Déi soll net nëmme bestoe bleiwen, mä nach eng Prisongsstrof vun 3 Méint, eventuell mat Sursis, dobäikommen. Dem Douanier gouf virgeworf, am Februar 2013 op engem Bal e Mann, deen an Drogenaffäre verwéckelt war, gewarnt ze hunn, dass säin Telefon géif ofgelauschtert ginn.
Souwuel an 1. wéi och e Freideg an zweeter Instanz huet den Douanier awer erkläert, hien hätt näischt vun enger Enquête géint dee Mann gewosst. Sengem Affekot no hätt de Parquet dann och net bewisen, dass säi Client géint d'Beruffsgeheimnis verstouss hätt. Dobäi wär dee Beweis u sech einfach z'erbrénge gewiescht, andeems festgestallt gi wär, zu wéi engem Moment an ënner wéi enge Konditiounen den Douanier Accès zu entspriechenden Informatiounen hat.
De Me Laurent Limpach huet betount, dass am 1. Urteel dovu Rieds war, et wär „probabel", dass säi Mandant déi Informatioune vun engem Aarbechtskolleeg kritt hätt. Den Douanier hätt awer vum 1. Verhéier bei der Police un déi selwecht Positioun gehat, nämlech, dass hien dat net wosst.
Deemno hätt hien och näischt Prezises kënne weider soen. Säi Client hätt d'Instruktioun net wëlle boykottéieren, mä de Kolleeg dozou bréngen, fir mat den Drogen opzehalen. Deen hätt dat gegleeft, de Mandant awer näischt gewosst.
Dem Douanier, dee seng berufflech Karriär heifir net op d'Spill gesat hätt, - hie schafft och nach ëmmer bei der Douane - wär eréischt méi spéit bewosst ginn, dass effektiv um Kolleeg géif geschafft ginn. Well hien näischt weiderginn hätt, wat him virdrun uvertraut gouf, wär den Douanier vun der Violatioun vum Beruffsgeheimnis fräizespriechen, sou säin Affekot.
De Vertrieder vum Parquet général huet dat awer anescht gesinn a fonnt, den Douanier wär zu Recht wéinst enger Violatioun vum Beruffsgeheimnis condamnéiert ginn. Ënnert anerem hätt dee Betraffenen ausgesot, hien hätt d'Informatioun, dass säin Telefon géif ofgelauschtert ginn, vum Douanier kritt. Deen hätt déi Informatioun, déi hien am Kader vu sengem Beruff hat, also weiderginn. Wéinst deene grave Faiten, déi den Douanier awer weider kontestéiert, géif eng Geldstrof net duergoen.
D'Appel-Urteel gëtt den 28. Januar gesprach.