
Net wäit vun der Opfaart Léiweng, op der Héicht vun der Foussgängerbréck, respektiv Beetebuerger Waassertuerm, goufe gläichzäiteg 2 Géigestänn erofgehäit, déi en Auto getraff hunn. De Chauffer ass zerguttst erféiert a stoung ënner Schock, trotzdeem konnt hien säi Won ënner Kontroll halen an en Accident verhënneren. Kengem vun de Passagéier ass eppes geschitt.
D'Police sicht an deem Kader no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir d'Police vu Miersch um 244901000.