Mir stëmmen am Interêt vun de Leit of. Et muss ee wëssen, fir wien ee Politik mécht, dat sot den zukünftegen Deputéierte vun déi Lénk Gary Diderich als “Invité vun der Redaktioun”. Da géif et och net “wéi doen”, fir mat der Majoritéit ze stëmmen. Déi Lénk hunn dës Woch annoncéiert, datt si Enn des Mounts d’Steierreform vun der CSV-DP-Regierung mat droen. Déi kleng Oppositiounspartei distanzéiert sech domadder vun deene Gréngen, déi hire Widderstand schonn annoncéiert hunn, iwwerdeems d’LSAP sech enthält.
Och wa Schwaarz-Blo d’Steierreform als Walkaddo notzt, dierft een net aus dem Bléck verléieren, wiem d’Adapatiounen am Steiersystem notzen am Endeffekt, sou de Gary Diderich, deen e Mëttwoch nieft der Ana Correia da Vega um Krautmaart vereedegt gëtt. Am Endeffekt wier dës Steierreform, déi eenzeg Reform, déi de Leit ze gutt kéim, déi dréngend Entlaaschtung brauchen.
Datt déi geplangten Aféierung vun der eenheetlecher Steierklass net zu méi Steiergerechtegkeet bäidréit, kann déi Lénk natierlech net gefalen. Nawell wier elo einfach Zäit komm, fir déi strukturell Reform vun der Individualiséierung a Musek ëmzesetzen an d’Leit z’entlaaschten. A parallel misste si de Match weidermaachen, fir datt déi héich Revenuen a besonnesch d’Kapital progressiv zu Lëtzebuerg méi besteiert ginn. Datt de “Jo” vun déi Lénk den neien Deputéierte Schlagkraaft an der politescher Ausernanersetzung géing ewechhuelen, gesäit de Gary Diderich net. D’Partei wier ëmmer kloer an hire Votten, grad och an der Steierpolitik.
Eisen Invité huet confirméiert, datt d’Decisioun am parteiinternen nationale Koordinatiounsorgan quasi unanime war. Et gouf just eng Enthalung. Déi wier awer kee Mandatsträger, huet de Gary Diderich op Nofro präziséiert.
Déi Lénk hunn en Donneschdeg eng Petitioun lancéiert, fir d’Aféierung vun engem Loyersdeckel lancéiert. Déi Mietpräisbrems kéint déi Lénk no roueg nees bei 5% ugesat ginn. Mä iwwert den Taux kéint een nach diskutéieren. Den Deckel misst op alle Fall do spillen, "wou et wéi deet", betount de Gary Diderich. Ëmmerhi géifen ëmmer méi Leit duerch déi héich Baukäschten, d'Zënshaussen an de Locatiounsmarché gedréckt. E Marché, deen och ëmmer méi deier gëtt.
Steierlech Ureizer fir Investisseuren, och wa se bewosst méi kleng a méi abordabel Wunnenge viséieren (wéi den annoncéierte sougenannten Amortissement accéléré fir eng Wunneng, déi manner wéi 600.000 Euro Baukäschten hat), si fir de Vertrieder vun déi Lénk prinzipiell ni eng Léisung vum Problem. Een, deen d'Méiglechkeet huet, an eng Wunneng z'investéieren, bräicht kee Steierkaddo derbäi.
De Gary Diderich souz déi lescht Joren och fir déi Lénk am Gemengerot a gëtt dat Mandat dem Rotatiounsprinzip no un de Fio Spada of. Fir gréisser Opreegung hat d'Annonce vum Buergermeeschter Guy Altmeisch am leschte Gemengerot gesuergt, datt d'Gemeng duerch eng Hackerattack op d'Architektefirma, mat där se fir den Neibau vum Stadhaus zesummeschafft, iwwer 407.000 Euro op e falsche Konto iwwerwisen huet. Den LSAP-Gemengepapp gëtt net midd ze betounen, et wier een Affer vu Kriminelle ginn. An den Ae vum Gary Diderich kéint ee sech als politesch Responsabelen net sou einfach aus der Verantwortung eraus zéien. Als Schäfferot wier een ëmmer verantwortlech fir dat, wat an de Gemengeschäfter leeft.
Besonnesch d'Kommunikatioun stéisst dem Oppositiounspolitiker awer och sauer op. De Gemengerot wier ze spéit iwwert de Bedruch informéiert ginn, deen op Mee zréckgëtt. An de Wëllen, fir Prozeduren a Fro ze stellen an nozebesseren, wier net do.
Invité vun der Redaktioun: Gary Diederich
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.