ZeienopruffGanz uergen Accident tëscht Feelen an der Fuussekaul

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.15 Auer koum et op der N15 zu engem schroen Accident.
Accident tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul
Um Mëttwoch den Owend koum et zu engem uergen Accident tëscht Feelen an der Fuussekaul. D'Strooss ass blockéiert.

4 Persoune goufe verwonnt, eng dovu méi uerg.

Eng Automobilistin hat d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass mat engem Trakter kollidéiert, deen aus där anerer Richtung koum. Den Accident ass wärend engem Iwwerhuel-Manöver am Géigeverkéier geschitt. Nodeems déi Blesséiert vum Samu op der Plaz behandelt goufen, koume si an d'Spidol. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf kontaktéiert.

D'Strooss huet misse fir den Trafic gespaart ginn.

D'Police mécht dann och en Zeien-Opruff. Besonnesch Chauffeure vun engem Mobile Kran, dat heescht engem Gefier mat engem Kran drop, an 2 aneren Autoe gi gebiede sech um 113 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO