
Dëst Joer feiert déi europäesch Initiativ Leader hiren 30 Gebuertsdag. Iwwer 45 Milliounen Euro goufen iwwert dëse Fong bis ewell zu Lëtzebuerg investéiert. Dat fir Aktiounen fir Developpement vun der ruraler Wirtschaft weider ze fërderen. Och en neie Projet fir an d‘Schoul kritt hei neierdéngs Ënnerstëtzung.
30 Joer Leader heescht, 575 Projeten déi a Ronn 60 Gemengen zu Lëtzebuerg ëmgesat goufen. Zanter 1991 existéiert d‘Initiative an huet Büroen am Éislek, Atert-Waark, Mëllerdall, Miselerland a Lëtzebuerg-West. Zesumme geschafft gëtt mat Gemengen, Naturparken a Leit vum Terrain, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider. Bierger, Associatiounen oder Veräiner bréngen zesummen Iddien a probéieren zesummen, déi Projeten z'entwéckelen, ouni dat staatlech oder kommunal Verantwortlech hinnen draschwätzen. Dono muss de Projet dann u sech nach just guttgeheescht ginn. Domadder kann een d'Entwécklung am ländleche Raum behalen an de Kader stellen.
Eng Rëtsch bekannten Initiativen a Produite sinn aus de Finanzementer vum Leader entstanen, esou zum Beispill den Téi vum Séi, Ourdaller Produiten, de Mëllerdall Trail, a Projeten ewéi „Fro de Bauer“.
Et si virun allem Initiativen, fir de Leit de ländleche Raum méi no ze bréngen. Dat och wëll et ëmmer méi Leit aus de Stied eraus zitt. Dëst ass en neien Defi an de leschte Jore ginn, fir hei Projete mat de Leit, Gäertner , Baueren a Wënzer zesummen opzestellen, sou de Minister.
E ganz neie Projet, deen zum Leader gehéiert, fält an d‘Kategorie VR, also virtuell Realitéit. Net all Kand, net all Schoulklass huet d'Chance, och e Bauerenhaff emol vu bannen ze gesinn, dofir hat d‘Lisa Jacqué d'Iddi, mat de VR-Brëller. Si kënnt selwer aus engem Bauerebetrib a geet elo an d'Schoule, fir opzeklären an dem deels schlechten Image vun der Landwirtschaft entgéintzewierken. Mat de VR-Brëller kann een de Bauerenhaff nämlech mat an d'Schoul huelen.
D‘Aktioun leeft iwwert d'Initiativ „Fro de Bauer“. Aktuell gëtt de Leader Projet fir 2023 bis 2029 preparéiert.