21. August bis 12. September"Fun um Glacis" bitt Attraktiounen, Iessbuden a Spiller fir Grouss a Kleng

Monica Camposeo
Et ass keng Schueberfouer am klassesche Sënn. Dat traditionellt Riserad feelt. Achterbunnen an Iessstänn ginn et dëst Joer, awer an enger ugepasster Form.
"Fun um Glacis"
Et ass keng Schueberfouer am klassesche Sënn. Dat traditionellt Riserad feelt. Achterbunnen an Iessstänn fënnt dëst Joer, awer an enger ugepasster Form.

E Mëttwoch gouf d'Konzept vun "Fun um Glacis" presentéiert. Op zwou Zone verdeelt, wäerte vum 21. August bis den 12. September nach mat iwwer 40 Stänn um Glacis stoen. Mat Achterbunnen, Spiller fir Kanner bis zu Iess- a Gedrénksstänn ass fir den Amusement vu Kleng bis Grouss gesuergt. Dat natierlech am Respekt vun de sanitäre Sécherheetsmesuren. , Op der Schueberfouer sinn normalerweis bal 200 Forainen dobäi.

Et ass zwar keng Schueberfouer, ma an awer soll et „Fun um Glacis" ginn. Dëst Joer an enger bësse méi klenger Versioun wéi gewinnt. Trotzdeem versicht een de Visiteuren e bëssen "Schueberfouer-Feeling" ze ginn. Vu moies 11 bis owes 23 Auer kann een hei laanscht kommen. De Patrick Goldschmidt, Responsabel fir de „Fun um Glacis" erkläert:

„Mir hunn den Areal um ganze Glacis geholl, dee mir awer an zwee opdeelen, an zwou Zonen, dat wat mir nennen 'de klenge Glacis', ass fir d'Gastronomie, alles wat Iessen ass, reservéiert an do kënnt een och nëmmen hi mat engem CovidCheck, also do maache ma Kontrollen. Entweder geimpft oder genesen oder ee PCR- oder Schnelltest sur place, da kënnt een do eran, da kritt een e Bändchen an da kann ee sech do beweegen. An 'de grousse Glacis', do hu ma 'manèges à sensation' kann ee soen, fir Grouss a Kleng. Do sinn eng 20 gréisser Attraktiounen an och 5 fir kleng Kanner dobäi."

Fun um Glacis / Rep. Chris Meisch

Beim grousse Glacis, also der Zon A gëllt kee CovidCheck. Hei muss een awer um ganze Site seng Mask unhalen an och op de Spiller. Consommatioun vun Iessen a Gedrénks ass hei verbueden. Fir déi Saache muss een op de klenge Glacis, also an d'Zon B goen. Virun de Spiller muss een och seng Hänn desinfizéieren. Fir d'Sécherheet an de Respekt vun de sanitäre Mesuren ass eng privat Sécherheetsfirma engagéiert ginn.

Wéi d'Iddi fir de „Fun um Glacis" opkoum, konnt een net wëssen, wat a puncto Corona méiglech wier. Dowéinst ass een de Forainen entgéint komm.

„A fir déi awer ze reservéieren, hu ma am Schäfferot a Gemengerot, wou dann decidéiert gëtt, dass déi Manègen alleguer Sue kréien, fir iwwerhaapt heihin ze kommen an dat si 25.000 Euro, wat hinnen dann erlaabt, awer d'Fraise fir heihinner ze komme mat hire Camione plus opzeriichten", sou de Patrick Goldschmidt.

Zuel vun de Visiteuren ass net limitéiert. Wann et der ze vill ginn, hëlt sech d'Gemeng awer d'Recht eraus, de Site fir eng Zäit zouzemaachen.

Wat d'Spiller ugeet, sinn zwou Achterbunnen ervirzehiewen, d'Alpina Bahn an den Olympia Looping. Fir den Olympia Looping, déi gréissten transportabel Achterbunn op der Welt, ass et eng Première zu Lëtzebuerg. Dozou de Bedreiwer, Michael Barth:

„Unser Team besteht aus ca. 10 Mitarbeitern, wir benötigen ungefähr 10 Tage für den Aufbau der Olympia Looping. Sie ist ca. 32 Meter hoch, hat eine Schienenlänge von 1250 Meter und beinhaltet noch 5 Loopings."

Wat den Transport ugeet, gëtt engem geroden, op de Park&Ride zeréckzegräifen an den ëffentlechen Transport ze notzen. Vue dass d'Allée Scheffer net benotzt wäert ginn, fiert den Tram hei och weiderhin an zwou Richtungen. De Parking Schuman wäert awer just fir Leit, déi een Abo hunn, zougänglech bleiwen.

De ganze Projet "D'Stad lieft" wäert ëm 3-4 Milliounen Euro kaschten. Den Decompte gëtt awer eréischt zum Schluss gemaach.

Back to Top
CIM LOGO