
Op der Héicht vun der Autobunnsopfaart fir op d'Tréierer A1, Direktioun Lëtzebuerg krute sech en Auto an eng Camionnette, deen op d'Autobunn opfuere wollt, frontal ze paken.
Béid Gefierer hunn d'Kräizung blockéiert an et huet deementspriechend gestaut.
De Chauffer an der Camionnette gouf liicht verwonnt, ma d'Fra am Auto hat manner Chance. Si koum mat méi uerge Verletzungen an d'Spidol nodeems si huet missen aus hirem Won befreit ginn.
D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Gréiwemaacher-Mäertert, grad wéi d'Ambulanz vun Iechternach goufen an den Asaz geruff.