StatecFrontaliere verdéngen zu Lëtzebuerg 11,5 Milliarden Euro am Joer

Maxime Gillen
D'Zuel vun de Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, geet Joer fir Joer weider an d'Luucht.
© RTL Archiv

Déi lescht zwee Joer war dës Hausse besonnesch héich mat engem Plus vun 3,9 Prozent am Joer 2017 a souguer 4,5 Prozent fir 2018. Alles an Allem féiert dat dozou, dass lescht Joer Salairen an Héicht vun 11,5 Milliarden Euro u Frontalieren ausbezuelt goufen. Dat geet aus enger Analys vum Statec ervir, déi haut publizéiert gouf.

Verdéngscht Frontaliere - Reportage Maxime Gillen

11,5 Milliarden Euro u Paie fir ronn 192.000 Leit, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen. Domat läit Lëtzebuerg op drëtter Plaz am europäesche Vergläich vun de Länner, déi déi meeschte Frontaliere beschäftegen. Virdru leie just nach d'Schwäiz an Däitschland. Béides Länner, déi jo e gudde Pak méi grouss sinn, wéi de Grand-Duché.

Méi wéi d'Halschent vun de Frontaliere kommen aus Frankräich a jeeweils e Véierel kommen aus Däitschland an der Belsch. Spëtzereider bei de Paie sinn awer d'Belsch. Si verdéngen am Joer ronn 10.500 Euro méi wéi Fransousen an eng 2.300 Euro méi wéi déi Däitsch.

Op där anerer Säit weisen d'Statistiken, dass knapp 13.000 Leit zu Lëtzebuerg liewen an am Ausland schaffen. Wierklech iwwert d'Grenz fueren, maachen der awer nëmmen 1.500.

Déi aner knapp 11.500 schaffe bei europäeschen oder internationalen Institutiounen, déi zu Lëtzebuerg hire Sëtz hunn. Dëse Sëtz gëllt nämlech net als Lëtzebuerger Territoire an doduerch gëtt et eng ganz Partie Frontalieren, déi praktesch d'Land iwwerhaapt net verloossen. Dohier kënnt dann och de Bilan, dass Lëtzebuerger Frontaliere lescht Joer ganzer 1,6 Milliarden Euro verdéngt hunn. 1,4 Milliarden dovu sinn awer un d'Beamten a Salariée vun den Institutioune gaangen.

Back to Top
CIM LOGO