E Sonndeg am Nomëtteg war zu Diddeleng den zweeten Deel vum Commemoratiouns Dag. "Fridden ass keng Selbstverständlechkeet, fir déi et sech lount all Dag anzetrieden." E Saz mat enger grousser Bedeitung, op engem Ament, wou net méi vill vun den Zäitzeie vun deemools nach liewen an zu Lëtzebuerg 3 Generatiounen a Fridden opgewuess sinn.
Keen Zoufall ass et deemno, dat déi jonk Diddelenger enk mat an d'Commemoratioun agebonne goufen. De Kannerchouer vun der regionaler Museksschoul huet Ons Heemecht gesongen. Schüler vum Lycee Nic Biver hunn Temoignagen aus den däischtere Jore vum 2. Weltkrich gelies.
"Virun allem net vergiessen" - Mëtt August hu mer déi chaotescher Evakuatioun vu Kabul als Spectateur op der Televisioun verfollegt, sou den Historiker Jean Reitz, deen a sengem Exposé drun erënnert huet, datt den 12. Mee 1940 9.000 Diddelenger virun de Preise geflücht sinn.
Een däischtert Kapitel ënnert aneren, wat d'Leit hei am Land wärend dem Zweete Weltkrich markéiert huet. Evenementer, déi d'Erënnerung wakereg hält.