Invité vun der Redaktioun (18. Mee 2026) - Joëlle Welfring"Et gëtt also méi séier a méi zerstéiert an net onbedéngt méi séier gebaut"

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war d'Energietransitioun Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Joëlle Welfring
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Am Kontext vu steigenden Energiepräisser, Inflatioun a Kafkraaftverloscht, déi staark un d'Situatioun nom Ufank vum Ukrain-Krich erënnert, huet d'Joëlle Welfring e Méindeg de Moie gesot, dass Lëtzebuerg an Europa zanterhier Fortschrëtter gemaach hunn, besonnesch bei der Diversifizéierung vun den Energiequellen an dem Ausbau vun erneierbaren Energien. Déi gréng Deputéiert a fréier Ëmweltministesch war eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet drop higewisen, datt ënnert der viregter Regierung d'Solarenergie massiv ausgebaut gouf an d'Wandenergie sech an zéng Joer versechsfacht hätt. Gläichzäiteg wier elo awer nees de Moment komm, fir d'Energietransitioun méi séier virunzebréngen. D'Politikerin huet gefuerdert, datt déi aktuell Regierung méi staark a kloer Signaler setzt, fir Stéit beim Ëmstig op onofhängeg Energiequellen ze ënnerstëtzen.

Klima-Sozialplang: Et feelen nach ëmmer konkret Detailer

Kritesch huet si sech och zum neie Klima-Sozialplang vun der Regierung geäussert. Vill Mesurë wiere schonn aus dem nationalen Energie- a Klimaplang vun 2023 bekannt, deen ënnert hir als Ëmweltministesch gemaach gi war. Mee konkret Detailer géifen ëmmer nach feelen, virun allem beim soziale Leasing fir Elektroautoen oder bei enger nationaler Renovatiounsgesellschaft. Dobäi wier de soziale Leasing a Frankräich e grousse Succès gewiescht. Do konnte sozial schwaach Stéit fir 100 Euro een Elektroauto leasen. Bannent 6 Wochen hate sech iwwer 50.000 Leit gemellt. Et wier wierklech schued, dass een zu Lëtzebuerg keng weider Detailer parat huet, well et wier eng Mesure, déi Leit a ländleche Géigende géing zegutt kommen, wou den ëffentlechen Transport net sou ausgebaut ass oder Leit, déi op Schichte schaffen. Zanter zwee an engem hallwe Joer géing si dacks no Detailer froen, mee géing dann einfach op Etüde verwise ginn, kritiséiert d'Deputéiert.

Et ass elo, wou d'Leit Hëllefe brauchen

Och beim Klimabonus gesäit d'Joëlle Welfring "gemëschte Signaler". Zanter 2016 gëtt et de Regime vum Klimabonus an zanterhier hätt een iwwer 400 Milliounen Euro an de Leit hir Onofhängegkeet investéiert mat Aidë fir Wäermepompelen, Solaranlagen etc.. Dës Regierung hätt de leschte Summer en neie Gesetzprojet deposéiert, an deem zwar verschidden Hëllefe fir kleng Wäermepompelen eropgesat géifen, mee dofir géifen awer aner Subventiounen erofgoen. Et wier allerdéngs net de richtegen Ament fir gemëschte Signaler. Dofir hunn déi Gréng en Amendement deposéiert, fir zousätzlech Hëllefe vun 2.000 Euro fir Wäermepompelen an Elektroautoen anzeféieren. Den Amendement wier eigentlech positiv opgeholl ginn, allerdéngs géing d'Regierung elo Tripartite ofwaarden an dat géing och heeschen, dass et weider Méint géing daueren. "Da geet wäertvoll Zäit verluer. Dat ass dat, wat ech e bësse bedaueren. Dat ass elo, wou d'Leit Hëllef brauchen an elo hätt missen och wierklech do eng staark Äntwert komme vun der Regierung."

Regierung baut Naturschutz of, mee et gëtt awer net méi séier gebaut

En anert grousst Thema e Méindeg de Moie war den Naturschutz. D'Joëlle Welfring huet der Regierung virgeworf, virun allem Naturschutz-Reegelen ofbauen ze wëllen. D'Reform vum Naturschutzgesetz, déi vun der CSV op den Dësch geluecht gouf, géif no hirem Verständnis net automatesch zu méi séierem Wunnengsbau féieren, mee riskéiert éischter méi Biotopen ze zerstéieren an nei juristesch Onsécherheeten ze schafen.

PFAS am Blutt: Wou bleiwe konkreet Mesuren?

Virun e puer Wochen huet d'Joëlle Welfring zesumme mat Parteikolleeginnen hiert Blutt op PFAS - déi sougenannten "Éiwegkeetschemikalien" – teste gelooss. An dëst konnt an all de Prouwen nogewise ginn. Dofir hunn déi Gréng méi séier Moossname gefuerdert, besonnesch an Drénkwaasserschutzzonen. Si kritiséiert, datt et bannent der Regierung keng gemeinsam Linn tëscht Ëmwelt- a Landwirtschaftspolitik géif ginn. Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes hätt an engem Interview gesot, dass een an Drénkwaasserschutzzone guer keng Pestizide méi wéilt hunn. An d'CSV-Landwirtschaftsministesch hätt duerno gesot, dass si dat net esou géing gesinn. Et géing net drëm goen, fir d'Landwirtschaft géint den Ëmweltschutz auszespillen, genau sou wéineg, wéi ee sollt de Wunnengsbau géint den Naturschutz ausspillen. Hei géing et drëm goen, fir gemeinsam Léisungen ze sichen an ze fannen. "A sou wéi dat do kléngt, si mer do net no bäi, fir do eng Léisung ze fannen. Dat ass extreem schued", sou d'Joëlle Welfring.

E Méindeg de Moie war d'Energietransitioun Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO