
Konkret war et d'Ausso vum LSAP-Politiker, dass no dëser Legislaturperiod seng Zäit als Politik wuel wäert eriwwer sinn. Hie wéilt net ofhängeg gi vun enger héijer politescher Positioun. Dat géif derzou féieren, dass een nämlech dann net méi déi richteg Decisioune kéint huelen, mä aus Walkampf-technesche Grënn handelt. Dat wéilt hien net. Hie wäert deemno virum Oflaf vun dëser Legilaturperiod seng Mandater nach ofginn.
Invité Etienne Schneider: Net ofhängeg gi vun enger héijer politescher Positioun Déi Annonce bréngt natierlech mat sech, dass d’Sozialisten een oder méi nei Regierungsmembere siche mussen. Den Eric Ewald huet an deem Kontext mam Parteipresident Franz Fayot geschwat.
Op d'Fro, ob een him dierft perséinlech felicitéieren, koum als Äntwert:
"Neen, firwat géif ee mech felicitéieren?" – "Fir nächste Wirtschaftsminister vu Lëtzebuerg ze ginn?" – "Neen, also lauschtert, ech schwätzen elo hei mat Iech als President vun der LSAP, an déi Nouvelle, déi den Etienne Schneider jo da bei Iech op der Antenn confirméiert huet, ass u sech esou nei net!"
Den Nach-Vizepremier, -Wirtschafts a -Gesondheetsminister hätt him dat schonn am Virfeld gesot, betount de Franz Fayot, an et wär ëmmer kloer gewiescht, dass sech déi vum Etienne Schneider an d'Gespréich bruechten 10-Joer-Diskussioun och op hie selwer applizéiere géif. An den entspriechende Parteigremien a mat der Regierungsekipp géif een iwwer seng Successioun diskutéieren. Als LSAP-President wär hie sech sécher, dass een do op e gréngen Zweig kéim, sou de President vun der Wirtschaftskommissioun vun der Chamber.
Et wär nach onkloer, wéini déi Echeance ass, well den Etienne Schneider den Zäitpunkt vu sengem Réckzuch opgelooss huet. Seng Nofolleg misst geplangt ginn, duerch de Generalrot goen a vun der Parteibasis confirméiert ginn. De Successeur sollt och idealerweis Zäit kréien, fir sech anzeschaffen. Woubäi den Nach-Minister nach eng Rei Projeten um Lafen hätt.
Dem Franz Fayot no misst zu engem gewëssene Moment iwwert d’Froen diskutéiert ginn, wie Vize-Premier an ob et méi eng grouss Regierungsëmbildung op LSAP-Säit gëtt. De Moment wär dat awer nach Zukunftsmusek. Un de Parteipresident war et nawell d’Fro, ob hien e Ministeschressort, wéi dee vun der Ekonomie géif vu sech weisen?
"Här Ewald, Dir maacht Äre Beruff, ech maachen och mäin. Als Parteipresident kann ech mech natierlech do elo net aus der Fënster leeën!"
Et wär him perséinlech dru geleeën, dass d’Partei an dëser Saach Cohésioun weist, sot de Franz Fayot. Intern misst "le moment venu" gekuckt ginn, ween de beschte Profil hätt, fir Nofolger ze ginn, a wien och Loscht hätt, dat ze maachen.