Knapp a lakonesch Äntwerten, dat wier dat eenzegt, wat ee vun der Regierung am Dossier Fridman géif kréien. Dat sot de Franz Fayot en Dënschdeg de Moien, nodeems de Premier Frieden e Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun Erklärunge ginn huet. Den LSAP-Deputéierte war eisen Invité vun der Redaktioun.
De russeschen Oligarch Mikhail Fridman fuerdert 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz vu Lëtzebuerg, nodeems seng Avoiren am Kader vun den EU-Sanktiounen agefruer goufen. Och wann hie mëttlerweil vun der Sanktiounslëscht gestrach gouf, wier et net sécher, dass domat och d’Arbitrage-Prozedur eriwwer ass. D'Regierung géif dovun ausgoen, datt d'Grondlag fir dës Prozedur net méi besteet. Eng Garantie dofir géing et awer net ginn, erkläert den LSAP-Politiker.
D'Äntwerte vum Premier an der Chamberkommissioun wieren och knapp gewiescht, och wat méiglech Kontakter mam Fridman oder sengen Affekoten ugeet. "Ech wäert och elo froe bei der Regierung, fir déi Dokumenter ze kréien, well do gëtt et ganz sécher Avis juridiques dozou, soss hëlt ee keng esou eng Decisioun einfach aus der Hëft eraus. An ech géif dee gäre gesinn, fir ze wëssen, op wat fir enger Grondlag d'Regierung déi Decisioun do geholl huet."
Eng Regierung mat der LSAP hätt sech net fir d’Sträichung vum Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht agesat, betount de Franz Fayot. Hie gesäit doran e Problem fir d'Solidaritéit mat der Ukrain an e schlecht Signal un déi europäesch Partner, besonnesch an Osteuropa. "Mir hätten dat do net gemaach. Mir hätten au contraire eis, mengen ech, och méi verlooss op deen europäesche Rechtsschutz, deen et do gëtt." Hien verweist op déi sougenannt "No-Claims"-Dispositioun am 18. EU-Sanktiounspak vun 2025, déi Länner wéi Lëtzebuerg soll schützen, wa se zum Beispill vun Oligarche wéi dem Fridman attackéiert ginn. De Premier hätt allerdéngs e Méindeg an der Chamberkommissioun gesot, "hie wéisst näischt vun där Dispositioun, wat natierlech ganz speziell ass".
D'LSAP hätt also de finanzielle Risiko fir Lëtzebuerg a Kaf geholl? Dorop äntwert de Franz Fayot, dass déi gefuerdert 16 Milliarden Dollar souwisou staark iwwerschat wieren. Gläichzäiteg géif Lëtzebuerg mat der Fräigab vun Avoiren, déi hien op 5 bis 6 Milliarden Euro beziffert, e wichtegt Drockmëttel géint de Fridman opginn. Den Oligarch wier awer eng zentral Figur vun der russescher Ekonomie mat enke Lienen zum Kreml.
Et misst een an Zukunft an der EU iwwer eng gemeinsam europäesch Haftung diskutéieren. Wa Sanktioune gemeinsam decidéiert ginn, misst och Solidaritéit spillen, wann ee Memberstaat dowéinst mat enger héijer Schuedenersatzfuerderung konfrontéiert gëtt. Hie verweist dobäi op d'Diskussioune mat der Belsch iwwer déi russesch Avoire bei Euroclear. Kleng Länner mat enger grousser Finanzplaz wéi Lëtzebuerg kéinten duerch esou Fuerderunge besonnesch ënner Drock geroden a wieren erpressbar. De Montant, deen de Fridman verlaangt, entsprécht ongeféier der Hallschent vum Staatsbudget. "Et kann een awer och dovunner ausgoen, dass dat eng Strategie ass vum Friedman, fir justement esou e risege Montant ze froen, well hien weess hannendrun, dass en domadder en Erpressungsmëttel huet."
Am Virfeld vun der Chamberdebatt iwwer d'Lëtzebuerger Politik géintiwwer Israel een Donneschdeg, fuerdert de Franz Fayot konkret national Mesuren. Prioritär wier fir hien e komplette Waffenembargo, deen och Gidder mat ziviller a militärescher Notzung, sougenannt "Dual-use"-Gidder, ëmfaasst. Dem LSAP-Deputéierten no kéint d'Regierung dëst souguer ouni en neit Gesetz decidéieren. Donieft solle verschidden aner Gesetzesproposen et erlaben, Persounen an Institutiounen op nationalem Niveau ze sanktionéieren. Eng weider Propos vun LSAP, déi Gréng an déi Lénk soll den Import vu Gidder aus den illegale Siidlungen an de besate palestinenseschen Territoirë verbidden, besonnesch am Westjordanland an an Ostjerusalem. Et wier nämlech net kohärent, Palestina unzeerkennen a gläichzäiteg den Handel mat Produiten aus dëse Siidlungen zouzeloossen.
D'Argument vum Ausseminister Xavier Bettel, national Sanktiounen hätten nëmmen e minimalen Impakt a wiere virun allem Symbolpolitik, léisst de Franz Fayot net gëllen. Hie gesäit doran eng Strategie, fir national Handlungen ze vermeiden an d'Verantwortung op d'EU ze verweisen. Den LSAP-Politiker verweist op d'Relatioune mat israeeleschen Entreprisen am Technologie- an Digitaliséierungsberäich, souwéi op Importer, beispillsweis vun Dattelen. Hien ass awer net iwwerzeegt, dass den Impakt vu Lëtzebuerger Mesuren esou kleng wier. "An ech mengen einfach, dass mer eis, dass mer eis schëlleg sinn, dat ze maachen, well näischt maachen ass keng Optioun." Mat Bléck op d'Verwüüstung an der Gazasträif an déi weider Koloniséierung vun de besaten Territoirë wier d'Gréisst vum Land fir hie keng Excuse, fir net ze handelen.
Beim Budgetsprojet kritiséiert de Franz Fayot virun allem den ëmmer méi héijen Defizit. Hie stellt a Fro, wéi d'Regierung de budgetären Equiliber wëll halen, wa si gläichzäiteg Investitiounen a sozial Mesurë versprécht an eng Steierreform plangt, déi ronn eng Milliard Euro d'Joer soll kaschte. Dobäi kéime grouss Ausgaben, déi sech kaum reduzéiere loossen, notamment d'Paien am Staatsdéngscht. "A mir maachen eis einfach suergen, dass mer hei Suen ausginn, déi mer iergendwann eng Kéier net méi hunn, an dass mer dann hannendrun wäerten eng, an där nächster Legislatur eng Austeritéitscours gesinn."
Déi zentral Suerg wier dobäi, dass an Zukunft d'Moyene fir néideg Investitioune feelen: an de Klima an d'Ëmwelt, a bezuelbare Wunnraum, an ëffentlech Infrastrukturen an an Déngschtleeschtungen, déi awer der ganzer Bevëlkerung géingen zegutt kommen, sou den LSAP-Politiker.
En Dënschde waren d'Klo vum russeschen Oligarch Mikhail Fridman souwéi méiglech Sanktioune géint Israel an de Budget fir d'nächst Joer Theemen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.