No laangem Hin an HierFräizäitzentere maachen hir Dieren nees op

RTL Lëtzebuerg
Nieft den Discoe ginn et och aner Betriber, déi wéinst der Corona-Kris bis haut net kënnen opmaachen.
Fräizäitzenteren
Nieft den Discoe ginn et och aner Betriber, déi wéinst der Corona-Kris bis haut net kënnen opmaachen.

Dozou zielen och eenzel Fräizäit-Zenteren, déi verschidden Aktivitéiten ubidden. Well fir dës Zentere verschidde Ministèren zoustänneg sinn an et net ëmmer kloer ass, wéi e Covid-Gesetz fir si gëllt, hunn d'Dieren missen zoubleiwen.

Zënter engem hallwe Joer ass dem Claude Legrand säi Betrib zu Péiteng zou. Um Rez-de-Chaussée ass eng grouss Indoor-Spillplaz fir Kanner, um éischte Stack en Sall mat Billard-Dëscher a Keller eng Bowling-Bunn. Well hei esouvill Aktivitéiten ënnert engem Daach ugebuede ginn, war et onkloer wéi eng Mesuren a Restriktiounen eigentlech gëllen. Si hätte schonns kënnen am Mäerz-Abrëll opmaachen, allerdéngs wären dann an der grousser Hal just 10 Leit erlaabt gewiescht.

No laangem Hin an Hier mécht de Fräizäitzenter nees op. Et huet ee sech d'Formule gëeenegt, déi och op anere Plaze gëllt: 1 Persoun op 10 Meter-Carré ass erlaabt. Beim Bowling a beim Billard däerfe 4 Leit zesumme spillen. D'Baren am Gebai musse weider zoubleiwen.

Back to Top
CIM LOGO