8. Episod vum neie Podcast op RTL: "Exit! an elo?"Fräiheeten a Grondrechter ofweien

Pierre Weimerskirch
Lauschtert déi 8. Episod vum Podcast "Exit! an elo?" mam Politikwëssenschaftler Michel Dormal op RTL.lu.

Mir musse léieren, eis Fräiheeten a Grondrechter ofzeweien, esou de Politikwëssenschaftler Michel Dormal, dee spezialiséiert ass an der politescher Theorie an Demokratiefuerschung am RTL-Podcast "Exit! An elo?" De Wëssenschaftler gesäit d’Potential dofir, datt am politeschen Discours eng gewësse Krise-Semantik hänke bleift: “Do riskéiere mer an eng komesch Situatioun ze kommen, wou jidderee sech géigesäiteg iwwerbitt, mat Katastrophen- a Krisenzeenarien an esou no a no den Etat d’Urgence zum normale Modus vu Politik gëtt.

Et huet ee jo gesinn, datt et kuerzfristeg fonctionéiert, mee laangfristeg ass et näischt, wat an enger Demokratie esou ka fonctionéieren.”

Fräiheeten opgi fir Fräiheet ze kréien?

Mir wieren et gewinnt, eis Fräiheet zum groussen Deel individualistesch ze gesinn, esou de Michel Dormal. Ma an der aktueller Situatioun géif dëst net goen, et misst ee kollektiv virgoen: “Do stelle sech fir mech grondsätzlech Froen zum Fräiheetsbegrëff, déi awer elo guer net esou philosophesch sinn, mee ganz konkret. Bei all de Mesurë geet et net nëmmen drëms, anere Leit ee Gefalen ze maachen, mee dat mer all zesummen an engem Boot sëtzen a fir seng eege Fräiheeten dauerhaft kënnen ze behalen, een och déi vun deenen anere muss mat schützen.” Déi individuell Fräiheete géifen ëmmer och mat kollektiven Aspekter zesummenhänken.

Politik a Wëssenschaft

D’Wëssenschaft soll keng politesch Roll spillen, ma nëmme Fakten duerleeën, esou de Michel Dormal: “Dat geet meeschtens net gutt aus, wann d’Wëssenschaftler versichen, Politik ze maachen an et geet meeschtens och net gutt aus, wann d’Politiker versichen, Wëssenschaft ze maachen.”

Lauschtert de ganze Podcast:

Mir musse léieren eis Fräiheeten a Grondrechter ofzeweien, esou de Politikwëssenschaftler Michel Dormal.

De ganze Podcast mat zousätzlechen Detailer fannt Dir ënnert podcast.rtl.lu.

Eng Episod verpasst?

Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.

"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.

Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.

Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn.

Mam Dokter Gerard Schockmel, Infektiolog aus den Hopitaux Robert Schuman, schwätzt de Pierre Weimerskirch iwwert d' Entwécklung vun Impfstoffer.

Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.

Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.

LINK: Hei geet et bei d'RTL-Podcasten!

Back to Top
CIM LOGO