Naturverwaltung erënnert u VerhalensreegelenFräi lafenden Hond huet am Naturschutzgebitt e Schof gerappt

RTL Lëtzebuerg
Den 1. November ass am Naturschutzgebitt Prënzebierg tëscht Déifferdeng a Péiteng ee Schof vun engem Hond gerappt ginn.
© RTL / Archivfoto

D'Déier huet zu enger Grupp vu sougenannte "Wanderschof" gehéiert, déi am Naturschutzgebitt dofir do sinn, d'Dréchewisen ze beweeden, wéi d'Naturverwaltung de Freideg an engem Bäitrag op Facebook schreift.

Den Hond hätt d'Déier um Hals gepakt an et dobäi esou schro blesséiert, datt et duerno huet missen ageschléifert ginn. Leider wier dëst keen Eenzelfall, esou d'Administration de la nature et des forêts.

Aus deem Grond huet d'Naturverwaltung op där Plaz och nees emol dorop verwisen, datt et och an der fräier Natur ee gewëssen Verhalenskodex gëtt. An den Naturschutzgebitter géingen deels méi streng Reegele gëllen, wéi an de Bëscher oder an de Wisen.

D'Hënn missten dat ganz Joer un der Léngt gehale ginn, oder op mannst zu deenen Zäiten, déi op de Panneauen op den Trëppelweeër fir an d'Naturschutzgebitt eran ausgewisen sinn. Mee och am Bësch an op der Gewan géing d'Hondsgesetz gëllen, dat beseet, d'Déier misst zu all Moment ënner Kontroll sinn.

Back to Top
CIM LOGO