Unequal Pay DayFrae am Grand-Duché schaffe vum 12. Dezember u gratis

RTL Lëtzebuerg
Vergläicht een d'Paie vu Fraen a Männer zu Lëtzebuerg, esou géife Frae vum 12. Dezember u bis un d'Enn vum Joer fir näischt schaffen, esou den OGBL.

Den Ecart an de Salairë fir Fraen a fir Männer léich rezente Statistiken no bei 5,5 Prozent. Wann een dat op d'Joer géing rechnen, géingen also vun e Samschdeg u Fraen 20 Deeg fir näischt schaffen. Dat schreift den OGBL an engem Communiqué an mécht donieft drop opmierksam, dass d'Ënnerscheeder sech net just am Bezuch op de Salaire resuméieren.

Duerch d'Pandemie wär däitlech ginn, dass d'Fraen an den essentielle Secteuren iwwerrepresentéiert sinn. Dozou gehéieren den Horesca-, de Botz-Secteur an de Commerce. An dës Beruffer wären och souwisou scho manner gutt remuneréiert.

Frae schaffen iwwerdeems däitlech méi Deel-Zäit: 30 Prozent vun de Frae par Rapport zu 5 Prozent vun de Männer.
All dës Realitéite géingen zu dem Pay Gap an duerno engem Pension Gap féieren, duerch deen dat weiblecht Geschlecht manner finanziell onofhängeg a manner pouvoir d'achat hätt, sou den onofhängege Gewerkschaftsbond.

PDF: De Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO