Mord u klengem BoufFra war net scholdfäeg a gouf fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
Um Dikrecher Geriicht gouf um Donneschdeg de Moien déi Fra, déi am November 2015 hire klenge Jong vun du 6 Méint ëmbruecht hat, wéi erwaart fräigesprach.

Hir Affekotin an de Vertrieder vum Parquet hate sou e Fräisproch gefuerdert, well d'Fra zum Zäitpunkt vun der Dot net scholdfäeg gewiescht wär, sou wéi Experten et festgehalen haten. D'Fra bleift deemno an der Psychiatrie.

D'Parties civilë kruten iwwerdeems net grad 42.500 Euro Schuedenersatz zougesprach.

Back to Top
CIM LOGO