Baugeneemegung um LampertsbiergFra krut an 1. Instanz Recht a juristeschem Sträit mat Stater Buergermeeschtesch

RTL Lëtzebuerg
An hirem juristesche Sträit mat der Stater Buergermeeschtesch ëm eng Baugeneemegung um Lampertsbierg huet eng Fra an 1. Instanz um Recht kritt.

Den zoustännege Riichter huet nämlech d'Ausféiere vun där Autorisatioun fir d'Transformatioun vun engem Eefamilljenhaus, déi d'Lydie Polfer am Mee ausgestallt hat, ausgesat. D'Fra ass Proprietärin vun engem Eefamilljenhaus um Lampertsbierg, dat nieft deem vun engem Mann steet. Fir d'Haus vum Noper war viru 4 Méint vun der Stater Buergermeeschtesch eng Baugeneemegung ausgestallt ginn, fir den Ëm- an Ausbau. D'Fra hat am Juli gefrot, fir d'Baugeneemegung a -Pläng zougestallt ze kréien, mä hat dat ronn zwou Wochen drop refuséiert kritt. D'Fra war nach de selwechten Dag op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir engersäits d'Baugeneemegung annuléiert an anerersäits d'Ausféierung dovun ausgesat ze kréien.

Den zoustännege Riichter hält a sengem Urteel fest, dass fir sou en Aussetzen zwou Konditiounen zesumme mussen erfëllt sinn: éischtens, dass d'Ausféiere vun der kritiséierter Decisioun e graven oder definitive Schued riskéiert, no sech zéien, an zweetens, dass d'Argumenter, déi virbruecht ginn, seriö schéngen.

De graven oder definitive Schued wär ze beurteele par Rapport zu de virgesinnen Aarbechten: Duerch de Projet géif d'Haus vum Noper um Rez-de-chaussée ëm 2m45 no hanne verlängert ginn, wat sou eng laang Dromauer mat sech brénge géif, déi donieft 3m héich wär. Dat Ganzt kéim an d'Siichtfeld vun der Fra, géif manner Sonn fir hire Gaart a manner Luucht hanner hirem Haus bedeiten, spréch eng Moins-value mat sech bréngen. De Schued wär deemno uerg genuch an definitiv.

D'seriö Argumenter wären hirersäits ze beurteele par Rapport zu de Chancë vum Annulatiounsrecours:Op Grond vun enger Violatioun vun engem Artikel vum PAP „Quartier existant“ wär et ganz warscheinlech, dass d'Baugeneemegung annuléiert gëtt, well de Projet eng horizontal Extensioun vum Haus vum Noper géif bedeiten. D'Fra hätt awer keng Indemnité de procédure zegutt.

D'Urteel iwwert d'Annulatioun vun der Baugeneemegung steet nach aus.

Back to Top
CIM LOGO