Police sicht no ZeienFoussgänger zu Gonnereng gëtt ugestouss an uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Accident op der N11 a Richtung Iechternach, dat kuerz hannert der Aral-Tankstell zu Gonnereng.
© Domingos Oliveira (RTL)

E Foussgänger gouf hei den Dënschdeg de Moien vun engem Auto, deen aus der Stad koum, ugestouss. D'Affer gouf op der Plaz vum Samus-Dokter versuergt, éiert et an d'Spidol transportéiert gouf. De Miess- an Erkennungsdéngscht war vum Parquet op d'Plaz geruff ginn, fir d'Ënnersichung ze leeden. Wären dem Asaz huet d'Streck misste gespaart ginn.

Géint 9 Auer war d'Streck fir kuerz Zäit opgaangen, éier si nees, wéi de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz koum, a Richtung Stad zougemaach gouf.

Persounen, déi Detailer zum Accident kënne ginn, solle sech bei der Police um 244 74 1000 oder per E-Mail: police.ernz@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO