Reckendall an der StadFoussgänger gouf ugestouss, awer net schlëmm blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 7.20 Auer koum et an der Stad am Reckendall zu engem Accident.

Hei gouf ee Foussgänger vun engem Auto ugestouss. De Mann gouf zur Kontroll an d'Spidol bruecht. Éischten Informatiounen no ass de Foussgänger awer net schlëmm blesséiert ginn.

2 weider Accidenter op eise Stroossen

En Dënschdeg de Mëtteg géint 15.20 Auer koum et zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Eng Stonn méi spéit krute sech dunn nach zwee Gefierer zu Housen ze paken, hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO