Um KierchbiergFoussgänger gouf mat Pistoul menacéiert a krut säin Aktekoffer geklaut

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 18 Auer huet an der rue Albert Borschette um Kierchbierg eng Persoun e Foussgänger beklaut a sech du mam Vëlo dovu gemaach.

Den Täter huet mat enger Pistoul op säin Affer geziilt, fir en dozou ze beweege säi Koffer falen ze loossen a fortzelafen. Den Onbekannten ass duerno mat sengem Vëlo geflücht, wouhin ass net gewosst.

Wéi d'Police mellt, hätt den Täter franséisch geschwat, wier tëscht 1,65 an 1,70 Meter grouss gewiescht, schlank a war däischter ugedoen. En hat eng schwaarz Mask un an och eng schwaarz Pistoul an der Hand.

Back to Top
CIM LOGO