
Den Ongléckleche krut seng Ketten an eng Auer geklaut. Eng Sichaktioun hat kee Succès. Eng Plainte gouf deposéiert an d'Ermëttlungen no de Verdächtege lafen.
Zu Ettelbréck koum et e Mëttwoch am fréien Nomëtteg géint 12.45 Auer zu engem Iwwerfall an enegm Lokal an der Rue Prince Henri. Ee vun de Brigangen huet Boergeld matgoe gelooss, ma wéi de Beklaute sech wollt wieren, gouf hie mat engem Tournevisse menacéiert. De presuméierten Täter huet sech duerno mat engem Scooter ewechgemaach.
Nach owes konnt d'Police ee Verdächtegen ermëttelen, hie gouf op Uerder vum Dikrecher Parquet festgeholl. Hie muss sech en Donneschdeg virum Untersuchungsriichter veräntwerten. Deen zweeten Täter konnt en Donneschdeg de Moie festgeholl ginn a kënnt och virun den Untersuchungsriichter.