
Eng Lëtzebuerger Traditiounsbank wiesselt de Proprietär: d'Fortuna-Bank, déi am Joer vun hirem Centenaire ass, gëtt vun de brittesche Verméigens-Verwalter "Chenavari" iwwerholl.
Wéi et an engem Schreiwes vun der Fortuna heescht, misst d'Transaktioun, also d'Reprise vun der Fortuna-Bank duerch Chenavari nach duerch d'CSSF an d'EZB gutt geheescht ginn.
D'Fortuna Bank schreift, datt d'Onofhängegkeet vun der Struktur garantéiert ass, an datt d'Kapital duerch d'Reprise vu Chenavari wäert eropgoen - de Siège vun der Fortuna bleift weider zu Lëtzebuerg.
Datt d'Traditiounsbank Fortuna de Proprietär wiesselt, geschitt net vun haut op muer: ewell virun 2 Joer war en Accord mat der "Bank of Beirut" ënnerschriwwe ginn, mee deen Deal war Enn zejoert ouni Resultater, also ouni Zesummeleeën, ofgelaf a net méi erneiert ginn. D'wirtschaftlech Kris am Libanon stoung dëser Reprise an de Féiss.
D'Fortuna Bank, déi eng ronn 30 Salariéen zielt, gouf 1920 gegrënnt an ass eng Cooperative - Chenavari Investment Managers gouf iwwerdeem eréischt 2008 zu London gegrënnt a beschäftegt eng 100 Leit zu London, grad wéi hei am Land.
President vun der Fortuna Bank mam Siège um Bd de la Pétrusse ass den André Poorters - Generaldirekter de Jerry Grbic.