De Naturpark Uewersauer ass zanter 20 Joer ëmmer um evoluéieren. Just beim Tourismus wëll ee sech nach eng Kéier nei definéieren.
D'Ziler ware kloer: Den Tourismus, d'Kultur, den Ëmweltschutz, déi ekonomesch, wéi och sozial Entwécklung fërderen – an den leschten 20 Joer huet sech vill op der Uewersauer gedoen. D'Decisioun sech géint d'Restriktioune vun engem Nationalpark-Statut ze wieren, war déi richteg, esou d'Directrice vum Naturpark, Christine Lutgen. De Park haut wier eng Partnerschaft tëscht de Gemengen, wéi och hiren Awunner an dem Staat.
Et hätt een hei ënner anerem eng Roll als Beroder ugeholl, fir de Schutz vun der Fauna an der Flora ze garantéieren. Zum Beispill bei der biologescher Statioun Laku, sou nach d'Christine Lutgen.
„Dat ass e Projet zesumme mat de Baueren an dem Waasserproduzent Sebes. Hei schafft een an enger Kooperatioun fir d'Baueren ze motivéieren, méi nohalteg ze schaffen a manner Dünger ze verdeelen an trotzdeem keng méi schlecht Recolten ze hunn. Mir hu speziell Techniken agefouert a maache speziell Formatioune mat de Baueren.“
87 Betriber aus der Géigend maache bei dëse Programmer mat. Dat sinn 73 Prozent vun der Landwirtschaft aus der Regioun.
Den Aspekt Kultur an Tourismus gouf iwwerdeems och op d'Trëppeltouren iwwerholl. Wanderen ass weltwäit ëmmer méi am Trend, dovu profitéiert een och zu Lëtzebuerg.
„Mir hunn insgesamt eng 700 Kilometer un Trëppelweeër, thematesch Weeër. Do kann een de Skulpturewee als Beispill huelen. Dat ass e ganz gemittleche Wee, deen ee ka maachen, well en och just 4 Kilometer laang ass. Soss gesäit een och vill Leit op eisen Trëppelweeër, well d'Natur hei awer nach relativ erhalen ass an et huet ee ganz flott Vuen op den Stau.“
E grousst Fragezeiche bleift awer méi spezifesch beim Thema Stauséi-Tourismus.
„Wat fir een Tourismus wëlle mir iwwerhaapt hei an der Géigend? Et ass sou, datt mir déi lescht Jore virun allem en Tourismus erlieft hu vu Leit, déi fir Dagesausflich komm sinn an iwwerrannt goufe vu Leit, déi komme fir ze grillen, ze schwammen a virun allem ganz vill Knascht zeréckloossen. Knaschtproblematik ass en Thema, mat deem mer eis an Zukunft nach méi beschäftege wäerten.“
Sou goufen dëst Joer Recyclingszenteren op der Plaz ageriicht. An Zukunft wéilt een awer och méi mat Foodtrucks op de Plage schaffen, fir datt d'Leit manner vun Doheem aus musse matbréngen.