OpgepasstFishing-Versuch per SMS

RTL Lëtzebuerg
Aktuell kréie verschidde Leit zu Lëtzebuerg eng SMS vun engem gewëssen "NetSupport" wéinst engem Problem mat hirem Account.

Wéi esou dacks bei esou komeschen SMSen, änlech wéi och bei den Uriff oder och den E-Mailen, soll een heirobber net reagéieren. Am Beschten dës SMS läschen, mä op kee Fall op dëse Link klicken.

Well wann een dat mécht, probéiert sech den Ofsender vun der SMS bei een eranzehacken an esou déi eegen Donnéeën an Infoen um Handy géint ee selwer ze notzen.

Back to Top
CIM LOGO