FuerschungszenterenFir méi wéi 1200 Salariéë gouf een neie Kollektivvertrag ausgeschafft

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Salariéeë vu List, Liser an LIH gëlle fir déi nächst dräi Joer eng Rei Verbesserungen.

Et gëtt en neie Kollektivvertrag fir déi iwwer 1200 Salariéë bei den dräi staatleche Fuerschungszentere List, Liser an LIH.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond huet dee Kontrakt mat de Representante vun dësen Instituter fir dräi Joer ënnerschriwwen.

Et si puer Verbesserunge virgesinn, ënnert anerem bei den Aarbechtszäiten, de Congéen, den Astellungskonditiounen an der Kënnegung.

PDF: Convention collective LIST, LISER an LIH

Back to Top
CIM LOGO