Radio 100,7Feu vert fir de Raphael Kies als neie Member am Verwaltungsrot

Annick Goerens
De Regierungsrot huet säin Accord gi fir d'Nominatioun vum Dr. Raphael Kies an de Verwaltungsrot vum Radio 100,7 ginn.
© RTL Archiv

Sou steet et an engem Communiqué. Den Dr. Kies ass Chercheur an der Politikwëssenschaft op der Uni.lu an der ULB zu Bréissel. Hien ass ënner anerem en charge vum nationale Volet am europäesche Rapport „Media pluralism monitor", Member vun der Kommissioun „Soutien au journalisme en ligne", déi de Premier a Medieminister Xavier Bettel beréit, wat den Accord vu Subside fir den Developpement vun Online-Medien ugeet. An de Raphael Kies ass och Member an engem Expert-Comité vum Conseil de l'Europe.

De sozio-kulturelle Radio an de Personalwiessel am Verwaltungsrot stinn zanter der Demissioun vum Laurent Loschetter als President den 18. November ëmmer nees an der Diskussioun. Gestridde gëtt tëscht der Redaktioun, dem Verwaltungsrot an der Direktioun a virun allem iwwer d'Onofhängegkeet vun der Redaktioun an d'Zukunft vum Radio 100,7.

Offiziellt Schreiwes vum Gouvernement

Dans sa séance de ce 11 décembre 2019, le Conseil de gouvernement a marqué son accord avec la nomination de Raphaël Kies comme nouveau membre du conseil d'administration de l'Établissement de radiodiffusion socioculturelle (ERSL). Dr. Kies est chercheur en science politique à l'Université du Luxembourg et à l'Université libre de Bruxelles. Il est, entre autres, en charge du volet national pour le rapport européen «Media pluralism monitor», membre de la Commission «Soutien au journalisme en ligne» avisant le ministre des Communications et des Médias en matière de subsides à accorder pour le développement des médias en ligne, et membre du «Comité d'experts sur l'environnement des médias et la réforme» du Conseil de l'Europe.

Back to Top
CIM LOGO