Beim Biertrenger SchlassFestival wëllkomm, wa Spillreegelen agehale ginn

RTL Lëtzebuerg
E Festival fir eng 2.500 Invitéeën, an enger Zone Verte an an der Enceinte vun engem Schlass, dat ënner Denkmalschutz steet, krut gréng Luucht.
Festival wëllkomm, wa Spillreegelen agehale ginn
E Festival fir eng 2.500 Invitéeën, an enger Zone Verte an an der Enceinte vun engem Schlass, dat ënner Denkmalschutz steet, krut gréng Luucht.

Dat huet awer net onbedéngt jidderee fir dat Gielt vum Ee gehalen. Et gouf awer kee Kritär, fir dee Festival ze verbidden, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dofir huet si och den 10. Juli gréng Luucht ginn. D'Preparatiounen zu Biertreng sinn elo op der leschter Ligne droite, ma d'Ministesch fir d'Ëmwelt an d'Ministesch fir d'Kultur ënnersträichen am RTL-Interview, datt um Site kee Schued dierf entstoen.

Festival beim Biertrenger Schlass / Reportage Dany Rasqué

D'Kulturministesch betount, datt si léiwer gehat hätt, wann d'Organisateuren hire Ministère éischter an d'Konzept vum Festival matabezunn hätten. Et ännert awer näischt drun, datt d'Sam Tanson d'Iddi vum Festival begréisst. De Staat stellt eng ganz Rei Konditiounen, fir datt um Site näischt geschitt - eng dovunner betrëfft d'Museksanlag, déi opgeriicht gëtt. D'Sam Tanson: "Dat wäert keng grouss Anlag sinn. Dat ass eng Anlag, duerch déi a priori kee Schued um Gebai kann entstoen. Mir hu Konditioune gesat, datt just ganz wéineg Leit gruppeweis kënnen an d'Gebai eragoen, fir d'Ausstellung kucken ze goen a mir gi vum gudde Wëlle vun den Organisateuren aus, datt si sech och un déi Recommandatiounen halen."

Fir dat ze garantéieren, schécken déi zwee Ministèrë wärend dem Festival Leit op d'Plaz, fir ze kontrolléieren. Et ginn och streng Konditioune vum Ëmweltministère, ebe well de Site an enger Zone verte läit an - wéi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg seet - d'Natur scho gestéiert gëtt, wann een esou vill Leit op dee Site léisst.

Dat heescht, datt genuch Poubellë mussen um Site sinn, datt keng chemesch Produiten dierfen an de Buedem geroden an datt d'Organisateuren dofir responsabel sinn. Sou soll verhënnert ginn, datt eppes futti gemaach gëtt an datt an der Natur keng bleiwend Schied entstinn. Am Viraus ass dofir och eng Zort "Etat des lieux" gemaach ginn, wéi d'Sam Tanson seet.

"Virum Festival waren d'Leit scho puer Mol op der Plaz, et si vill Fotoe gemaach ginn an et ass nach eng Kéier eng grouss Reunioun mat all den Acteuren, fir ze kucken, dass alles genee esou gemaach gëtt, wéi dat vun deenen eenzelen Acteure virgeschriwwe gouf. Et wäerte Leit op der Plaz sinn de Weekend selwer an dann duerno wäerte mer natierlech och nach eng Kéier kucke goen, fir ze kucken, wat d'Resultat ass.", betount d'Kulturministesch.

Fakt assdatt et an der leschter Zäit ëmmer méi Demandë ginn, fir zu Lëtzebuerg Festivallen an aner privat Evenementer z'organiséieren. Fir der Natur net ze schueden, muss dofir jidderee wëssen, wat en dierf a wat net, ënnersträicht d'Ëmweltministesch: "Dofir ass et ganz kloer esou, dass mer musse kloer Spillreegelen hunn, dass mer déi Saach musse kadréieren an dass mer mussen oppassen, datt mer hei d'Reegelen alleguerten anhalen. Et geet wéi gesot wierklech drëm, dass mer kucken, wat ass méiglech. Hei gëtt et keen Ausschlosskritär an dofir hu mer hei eng ganz kloer Linn, wat däerf gemaach ginn a wat net an déi Linn wäert och kontrolléiert ginn."

Der Kulturministesch Sam Tanson war et wichteg, datt de Staat an d'Organisateure géifen op e "gréngen Zweig" kommen an dat schéngt jo och elo de Fall ze sinn. Deemno wäert de Musikfestival de Weekend vum 2., 3. a 4. August kënnen iwwert d'Bühn goen.

LINK: Festival vs Déierewelt: Schlass Biertreng: E Site am Dornréischeschlof LINK: Pangea vs roude Milan Tanson an Dieschbourg: Dossier Museksfestival konform zum Naturschutzgesetz

Back to Top
CIM LOGO