D'Clientë kënnen ouni Fraisen ophiewenFënnef Lëtzebuerger Banke lancéiere Reseau mat 237 Bankomater

Pit Everling
Marlène Clement
Déi al Bankomater vun de Banke ginn no an no ersat, de Käschtepunkt läit bei 70 Milliounen Euro.
Fënnef Lëtzebuerger Banke lancéiere Reseau mat 237 Bankomater
Déi al Bankomater vun de Banke ginn no an no ersat, de Käschtepunkt läit bei 70 Milliounen Euro.

An de leschte Jore si vill Geldautomate verschwonnen. Boergeld gëtt ëmmer manner genotzt, d'Käschte fir d'Apparater sinn héich an Iwwerfäll maachen de Banken ze schafen. Fir Ressourcë beieneen ze leeën, lancéiere fënnef Lëtzebuerger Banken e gemeinsame Reseau mat Bancomaten. Déi éischt Apparater goufe rezent installéiert a siwen dovu si schonn a Betrib. D'Entreprise LuxConstellation, déi de Projet "Bancomat" geréiert, huet e Mëttwoch de Mëtteg d'Detailer presentéiert.

Se si blo an et steet keen Numm vun enger Bank drop. D'Clientë vun der Spuerkeess, der BGL BNP Paribas, der BIL, der POST an der Raiffeisen-Bank kënnen déi nei neutral Apparater mat hirer Kaart notzen, ouni zousätzlech Fraisen.

"L'ensemble des clients des cinq banques partenaires pourra dans ces 237 ATM avoir accès à sa propre interface, à son propre univers bancaire et à l 'ensemble de ces services", seet den Thibaut Monier vu LuxConstellation.

Fënnef Lëtzebuerger Banken lancéiere Reseau mat 237 Bankomater / Pit Everling

Déi al Bankomater vun de Banke ginn no an no ersat. Bis dat anert Joer sollen also 237 där neier bloer Geldautomate funktionéieren. Dat sinn der zueleméisseg zwar däitlech manner ewéi virun e puer Joer, allerdéngs wiere se, geografesch gesinn, méi effikass placéiert:

"La base sera un critère de 5 km par voie routière. En 2023, on avait à peu près 400 machines qui représentaient aux alentours de 91 ,68 % de couverture. Et là, on a réduit le parc, on a optimisé le parc parce qu 'on avait notamment beaucoup de doublons au niveau de certaines zones géographiques. Et l 'objectif, en cours de 2027, c 'est d 'arriver à une couverture aux alentours de 94 %."

D'Zone sinn definéiert, awer de geneeë Site nach net iwwerall. An enger zweeter Phas sollen d'Clienten och Geld kënnen abezuelen. D'Maschinnen erkenne Contacless-Kaarten oder de Smartphone. Och sécherheetsméisseg wiere se um leschte Stand:

"Il y a effectivement, je dirais, de l'encre est versée sur les billets pour les rendre inutilisables. Et on a également des systèmes 100 % sur l 'ensemble du parc de détection de gaz."

Déi eenzel Banken hätte bis ewell hir Reseauen eenzel misse geréieren a lo vill missen investéieren, erkläert de Charles Pletsch, Responsabel fir d'Privatclientë bei der Spuerkeess:

"Bon, Do hutt all Bank seng Rechnung gemaach, fir ze kucken, ob dee Projet fir si interessant ass. An ech mengen, et gesäit ee jo, datt mer all eens sinn an dat ze maachen. Dat heescht, fir jiddwer Bank ass et schonn interessant, dee Wee ze goen."

Wéi vill Aspuerunge mam neie System kënne gemaach ginn, do halen d'Banke sech awer bedeckt.

Ee Bancomat kascht iwwregens ronn 25.000€ an de Bloc ronderëm kascht nach emol dat selwecht. Iwwer 7 Joer gi méi ewéi 70 Milliounen € investéiert.

Back to Top
CIM LOGO