CGDISFënnef Blesséierter um Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
An dräi Accidenter goufen den Donneschdeg den Owend insgesamt fënnef Leit blesséiert. An engem Fall ass een Auto an eng Mauer gerannt.
© CGDIS

En Donneschdeg den Owend goufen et dräi Verkéiersaccidenter, bei deene Leit blesséiert goufen. Dat huet den 112 an der Nuecht gemellt.

Géint 17.30 Auer war um Boulevard Prince Charles an der Stad en Auto an eng Mauer gerannt, zwou Persoune goufe verwonnt. Ee Samu an zwou Ambulanze waren op der Plaz.

Tëschent Maarnech a Fëschbech si kuerz no 18 Auer zwee Autoen anenee gerannt, hei gouf et ee Blesséierten. A kuerz virun 20 Auer goufen zwee Leit op dem CR332 tëschent Klierf an Eeselbuer blesséiert, wéi en Auto de Rampli erofgaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO