
Den 112 mellt zwee Bränn um Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg. Um 18.30 Auer huet et zu Ierpeldeng an der Gemeng Bous gebrannt. Do stoung eng Scheier a Flamen. Um 2.30 Auer huet et zu Déierbech op engem Balcon gebrannt. An den zwee Fäll gouf kee blesséiert.
De CGDIS mellt iwwerdeem eng Kollisioun vu 4 Gefierer e Samschdeg de Mëtteg géint 14.30 Auer zu Käl. Heibäi goufen zwou Persoune blesséiert.