SteeselFeier um Campus vun der neier Schoul

RTL Lëtzebuerg
E gréissert Feier huet an der Nuecht op e Freideg zu Steesel fir e Pompjeesasaz gesuergt.
© David Klein

D'Feier, dat am Schoulhaff ugefaangen huet, huet och riskéiert, op d'Gebai oder op d'Dännebeem, déi ronderëm stinn, iwwerzegräifen. Duerch dat séiert Agräife vun de Pompjeeë vu Steesel, Walfer a Luerenzweiler konnt dëst awer verhënnert ginn.

Kuerz viru 4 Auer goufe Jugendlecher gesinn, déi am Haff waren. Kuerz drop huet et hei gebrannt. Wéi d'Police dunn awer op d'Plaz koum, war vun de Jonke keng Spur méi.

D'Police vu Miersch sicht elo no Zeien. Informatioune kënnt Dir um 244901000 matdeelen oder um 113.

Back to Top
CIM LOGO