
An engem Fall krut d'Police e Freideg géint 18.30 Auer zu Kënzeg eng Feier gemellt, bei där méi Gäscht wéi erlaabt waren. D'Persounen op der Plaz goufe protokolléiert.
Donieft goufen an de leschten Nuechten 20 weider Protokoller verdeelt, dëst haaptsächlech wéinst Verstéiss géint d'Ausgangsspär.
RTL-Artikel (26.12.2020): Lëtzebuerg geet an de Lockdown: Vun haut u gëllen déi nei Corona-Reegelen D'Police erënnert an deem Kontext och nach emol drun, datt um Samschdeg nei Corona-Mesuren a Kraaft getruede sinn.
