Groussstrooss zu WäiswampechFeier hat vu Veranda op Haus iwwergegraff

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend koum et zu Wäiswampech zu engem gréissere Pompjeesasaz, dat well eng Veranda gebrannt huet.
Feier zu Wäiswampech
E Freideg den Owend hat d'Veranda vun engem Haus zu Wäiswampech gebrannt.

D'Feier huet an enger Veranda ugefaangen an huet dono op d'Haus, an deem och Büroen dra sinn, iwwergegraff. An der Géigend ass nach eng Lagerhal, déi awer aktuell wuel net betraff ass. Vun der Plaz heescht et, datt d'Feier ënner Kontroll wier. D'Police reegelt dann och de Verkéier.

Back to Top
CIM LOGO